top of page
Sport Exercise

Lëtzebuerger Federatioun fir Functional Fitness

Zesummen fir Inklusioun

D’Lëtzebuerger Federatioun fir Functional Fitness (FLFF) ass en Asbl, dee versicht d’Praxis vun dësem Sport um Lëtzebuerger Territoire ze entwéckelen an ze verbannen. Mir si vun der internationaler Federatioun (IF3) unerkannt. Mir hunn Functional Fitness als Sport gär, an wëllen dofir e strukturéierten an éierleche Kader ubidden. Mir sinn iwwerzeegt datt Functional Fitness et verdéngt als eegene Sport unerkannt ze ginn, onofhängeg vun existente Federatiounen. 

Weightlifter

De Sport

D'Struktur vun den Eventer vun der IF3 notzt déi follgend Approche:
D'Typpen/Charakteristiken vun den Tester si bekannt, awer hiren Inhalt variéiert an ass onbekannt (d'tatsächlech Beweegungen, Widderhuelungen, Laaschten, Dauer, etc. änneren mat all Kompetitioun).

D'Tester sinn erstallt mam Zil verschidden Aspekter vun der kierperlecher Fitness z'erhéijen an Athleten hir Fäegkeeten an dëse verschiddene Kategorien weisen ze loossen. D'Kompetitiounen vun der FLFF wäerten also déi selwecht Approche verfollegen fir d'Qualitéits- a Sécherheetsnormen ze respektéieren déi vun der IF3 recommandéiert sinn.

Fédération Luxembourgeoise de Fitness Fonctionnel

©2023 by Fédération Luxembourgeoise de Fitness Fonctionnel. Proudly created with Wix.com

bottom of page